E Staarkt STÉCK LËTZEBUERG

10 Videoen fir d’Stad Lëtzebuerg unhand vun historeschen Objeten, Plazen an amusante Fakten z’entdecken!

D’Geschicht vun enger Stad léisst sech ëmmer unhand vun Objeten erzielen: Géigestänn verschiddenster Aart, déi do produzéiert, kaf oder benotzt gi sinn. Vun deenen Objeten huet de Lëtzebuerg City Museum der Dausenden a senger Sammlung.

Zéng Sammlungsstécker sinn hei ausgewielt ginn: Si sinn d’Sujete vun der zéngdeeleger YouTube-Serie “E staarkt Stéck”.

An all Episod, entdeckt de liicht granzege Will, dank senge gewëtzte Kolleegen Mil an Edouard aus dem Musée, ee vun deenen Objeten a Plazen an der Stad, zu deenen se ee Bezuch hunn.

Zu all Plaz gehéiert eng Zuel op der Kaart an och ee passende Video. De Video kënnt dir hei um Site ofspillen andeems dir op eng vun de Nummere op der Kaart klickt. Heiansdo huet den Objet och zu 2 Plazen e Bezuch. Dofir kënnt d’Nummer dann och zweemol op der Kaart vir.

Vill Spaass bei der Visitt duerch d’Stad!

Lag / Location

Lu

En